25. Juli 2015   



D’lescht Woch gouf bekannt, datt mir een neie Futtballstadion fir 58 Milliounen Euro an 9.500 Spectateure kréien. Dat héiert sech no immens vill Geld un. Sport gehéiert jo nach am wäiteste Sënn zum soziale Beräich, mee bei Bildung, Gerontologie, Spideeler, Allocatiounen a Studente  gouf jo an der Lescht éischter gestrach, da wonnert et de Bierger, esou ee Prestige-Projet an der Gréissenuerdnung wéi Tram oder Militärfliger presentéiert ze kréien.



Am Verglach vun de Käschte pro Sëtzplaz mat den Topstadien an Europa gesäit een awer virun allem, datt dee geplangte Stadion vill ze deier gëtt:

Bei 58 Millioune Baukäschten an 9.500 Sëtzplaze kënnt een op 6.500€ pro Sëtzplaz. Déi bekannte Münchner WM-Arena mat enger Kapazitéit vu 70.000 Spectateuren huet 300 Milliounen Euro kascht, dat si 4.285€ pro Sëtzplaz, also ëmmerhin een Drëttel manner wéi deen nei geplangte Lëtzebuerger Stadion.



D’Darmstädter, déi d’nächst Joer an der Bundesliga matspillen, hunn hire Stadion fir 28 Milliounen op 17.000 Plazen erweidert, dat ass ee Schnäppchepräis vu 1.650€ pro Sëtzplaz! Och zu Darmstadt gouf et grouss Diskussiounen, well de Stadion matzen an engem Wunngebitt läit, mee ee ganz neie Stadion op enger anerer Plaz wier de Verantwortlechen ze Deier ginn an och do sinn d’Keesen eidel.


 
Vergläichbar mat eiser Situatioun wier och den Neibau vum Stadion zu Regensburg. Dee Stadion mat enger Kapazitéit vu 15.000 Spectateure gouf fir 53 Millioune gebaut an dëse Mount feierlech opgemaach. Dat si grad mol 3.500€ pro Sëtzplaz. De Stadion selwer huet awer nëmmen 20 Millioune kascht. Deen décke Batz vun 33 Millioune goung fir Infrastruktur ronderëm de Stadion drop, also fir Parkplazen, Kanalisatioun, Zougangsstroossen a.s.w.



​Et interesséiert also manner, wéi vill deen neie Stadion kascht, mee firwat deen esou vill kaschte soll. Déi Verantwortlech musse justifiéieren, wisou de Präis pro Sëtzplaz een Drëttel bis dat Duebelt méi deier ass wéi vergläichbar Projekter. 

« zurück zur Übersicht



Weitere Artikel

2 3 4 5 6 7 8 9 10 11


2 3 4 5 6 7 8 9 10 11



Winds of Change

Neue Wege ...


Winds of Change

... in vielen Bereichen der Politik und Wirtschaft

mehr »

ALMP / UFCM / Soli-Ecke

ALMP

ALMP

Gesellschaft für präventive Medizin
Die ALMP ist das Kürzel für Association luxembourgeoise des méthodes préventives.

mehr zu ALMP »


zur Website der ALMP


UFCM

UFCM

Gesellschaft für die Cannabis-Behandlung in der Medizin
Am 14. Juni 2010 gründete Dr. Jean Colombera die Gesellschaft UFCM.

mehr zu UFCM »


zur Website der UFCM


Solidaritätsecke

Als Partei ist es auch wichtig sich in der Praxis für minderbemittelte Leute einzusetzen und nicht nur mit leeren Versprechen auf Stimmenfang zu gehen.

Solidaritätsecke »

APPAAL

Association des parents de personnes atteintes d′autisme de Luxembourg

Association des Parents de Personnes Atteintes d′Autisme de Luxembourg a.s.b.l.

mehr »

AEGIS

AEGIS LUXEMBURG Aktives eigenes gesundes Immun-System

AEGIS Luxemburg, die einzige Vereinigung, die kritisch über Impfungen berichtet.

mehr »

Quicklinks