http://www.rtl.lu/letzebuerg/606807.html

Lëtzebuerg ass net en Deel vun der d'Léisung, ma éischter een Deel vum Problem duerch eng Steierpolitik déi op Lige vis-a-vis vum Vollek baséiert.

Wann den Här ‪‎Gramegna an déi meescht Politiker behaapten ee Betrib géif Steiere bezuelen, dann ass dat eng vu villen "Massenverblödungswaffen" fir d'Vollek.

Dat Betriber sollen (méi) Steiere bezuelen ass just eng populistesch "Mäerchestonn" fir d'Vollek fir domm ze verkafen an domadder nach Stëmmen ze fänken.

Fir ee Betrib si Steieren Onkäschten, grad esou wei d'Cotisatiounen an all aner Frais'en, déi mat an de Verkafspräis verrechent gin.

Wann ee Betrib reell géif Steiere bezuelen, da misst dee Betrib entweder déi Steiere mat senge Reserve bezuelen (esou laang wei en der nach huet) oder en hätt wei eng Zentralbank d'Lizenz zum Geld drécken.

Den Haaptgrond firwat déi ganz Steiervermeidungstaktiken existéieren, ass d'Kompetitivitéit.

Déi grouss Betriber versichen, op Däiwel komm eraus, esou vill wei méiglech Maartundeeler ze hunn.

An déi Betriber bedreiwe mat Hëllef vu PWC a CO duerch komplex Firmengeflechter eng méi oder manner pervers Steiervermeidungstaktik.

Also ass de Problem net d'Betribssteieren, mee de Problem läit an där Perversioun vun engem ëmmer méi extreme Konkurrenzkampf em Maartundeeler duerch Steiervermeidungstaktiken.
Herr Gramegna, wann der wierklech wëllt datt Lëtzebuerg deen Image vun enger Steieroase lass gëtt an den Här Asselborn ophält mat sengem domme Gebraddels op der däitscher Télé iwwer d'Breifkëschten zu Lëtzebuerg, da schaaft all d'Betribssteieren of an ersetzt se duerch eng TVA als eenzeg Steier.

Déi TVA wier da gestaffelt mat méi engem niddregen Taux fir gesond Liewensmëttel, ëmweltfrëndlech Energie a Produit'en an ee méi héijen Taux fir Luxusartikelen, gesondheetsschiedlech, ëmweltschiedlech Produit'en an op Waffen.

Dann hätt der wéinstens eppes gemaach fir d'Ëmwelt an de Fridden, wann d'Gesellschaft sech et net méi (an deem Moss) leeschte kann ëmweltschiedlech, gesondheetsschiedlech Produiten ze kafen an dat Diplomatie sech (nach) méi rentéiert wei mat Waffegewalt dem mënschleche Liewen ze schueden oder et esou guer ze zerstéieren.

« zurück zur Übersicht



Weitere Artikel

2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15


2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15



Winds of Change

Neue Wege ...


Winds of Change

... in vielen Bereichen der Politik und Wirtschaft

mehr »

ALMP / UFCM / Soli-Ecke

ALMP

ALMP

Gesellschaft für präventive Medizin
Die ALMP ist das Kürzel für Association luxembourgeoise des méthodes préventives.

mehr zu ALMP »


zur Website der ALMP


UFCM

UFCM

Gesellschaft für die Cannabis-Behandlung in der Medizin
Am 14. Juni 2010 gründete Dr. Jean Colombera die Gesellschaft UFCM.

mehr zu UFCM »


zur Website der UFCM


Solidaritätsecke

Als Partei ist es auch wichtig sich in der Praxis für minderbemittelte Leute einzusetzen und nicht nur mit leeren Versprechen auf Stimmenfang zu gehen.

Solidaritätsecke »

APPAAL

Association des parents de personnes atteintes d′autisme de Luxembourg

Association des Parents de Personnes Atteintes d′Autisme de Luxembourg a.s.b.l.

mehr »

AEGIS

AEGIS LUXEMBURG Aktives eigenes gesundes Immun-System

AEGIS Luxemburg, die einzige Vereinigung, die kritisch über Impfungen berichtet.

mehr »

Quicklinks