Den Nicolas Schmit sot Demandeurs d'Emploi missten ëmdenken.

http://tele.rtl.lu/emissiounen/kloertext/605591.html

Stors Marco: Een Ëmdenke bei den Demandeurs d'Emploi geet net duer an enger "Wirtschaft 2.0" vun der Automatiséierung, d'Gesellschaft an d'Politik misst och ëmdenken.

Mier liewen haut an dem Zäitalter vun der Automatiséierung an doduerch ginn ëmmer méi Mënsche vun der Aarbecht befreit.

Déi Generatioune virun eis hunn schwéier geschafft fir déi Saachen ze erfannen déi Aarbecht aspueren.

Mam Festhalen un veraalten Traditiounen an Norme kënne mer keng Problemer vun haut léisen, am Géigendeel, da gëtt aus der Realitéit vu gëschter ee Problem vun haut gemaach.

Den Aarbechtsmaart ka schonn elo net méi déi sozial Integratioun fir jiddweree garantéieren, an deen Trend wäert nach méi problematesch ginn an Zukunft.

Wann d'Automatiséierung ëmmer méi Mënsche vun der Aarbecht befreit, da kréie mer ëmmer méi grouss gesellschaftlech a sozial Problemer.

Wat de Michel Wurth vun der UEL seng Ausso betrëfft, haut gi vill Kuchen an engem industrielle Prozess gebak an och wann ëmmer manner Mënschen dorunner bedeelegt si fir de Kuch ze baken, brauchen se awer een Akommes fir sech ee Stéck vum Kuch kënnen ze leschten.

Dowéinst brauche mer een Ëmdenken an der Politik, de Betriber an och an der Gesellschaft.

Wann duerch d'Automatiséierung d'Produktivitéit ëmmer méi erop geet an ëmmer manner Mënschen hiert Akommes duerch eng Aarbechtsplaz ka garantéiert ginn, da kréie mer ëmmer méi Problemer, net nëmme fir déi Aarbechtslos, mä och fir d'Betriber, wann d'Kafkraaft duerch een Akommes aus der Aarbecht ëmmer méi zréck geet.

Wat de Réne Friederici vu Paul Wurth betrëfft, äre Betrib setzt op eng ëmmer méi effizient Produktioun duerch d'Automatiséierung, also wier et fir iech an och nach aner Leit hei an der Ronn interessant, déi Leit déi vun der Aarbecht befreit ginn dat de Staat all lëtzebuerger Bierger eng bedéngungslos Existenzgrondlag ausbezilt an der Héicht vum Seuil de Pauvreté.

Esou eng bedéngungslos Existenzgrondlag wier esou wuel interessant fir d'Patronat, d'Gewerkschaften ,d'Regierung, d'Gesellschaft, dat mënschlecht Zesummeliewen an d'Ëmwelt.

Fir d'Patronat wier et interessant well d'Leit méi Kafkraaft hätten an dat een direkten Impakt hätt op d'Economie.

Fir d'Gewerkschafte wier et interessant, well d'Leit an de Betriber duerch eng bedéngungslos Existenzgrondlag eng besser Verhandlungsbasis hätte vis-a-vis vum Patronat.

Fir d'Regierung wier et interessant, well duerch eng méi héich Kafkraaft och méi géif era komme vu Steieren an domadder och d'Situatioun vun de Staatsfinanzen sech géing verbesseren.

Fir d'Gesellschaft insgesamt wier et och vu Virdeel, well fir d'Vollek ass et eng Demokratiepauschal, wou se kéinte verzichten op Aarbechten déi dem mënschleche Liewe schueden oder et esou guer zerstéiere kennen.

Fir d'mënschlecht Zesummeliewe wier et besser well mer net méi esou gesellschaftlech kontraproduktiv missten no vir goen, fir op Däiwel komm eraus eng Aarbechtsplaz ze fannen an aner Mënschen dowéinst aus dem Aarbechtsmaart regelrecht eraus stoussen ze mussen.

Fir d'Ëmwelt wier et besser, well all déi Mënschen déi haut nach Aarbechte maachen déi der Ëmwelt an dem mënschleche Liewe schueden oder souguer zerstéiere kann , kéinten an engem neien "Jobprofil" aktiv ginn als "Problemléiser" vu Problemer déi haut net geléist gi well dofir keen Akommes oder net genuch Akommes fléisst.

Mir kommen net dolaanscht déi sozial a gesellschaftlech Entwécklung un deen technologesche Fortschrëtt unzepassen.

Eise gréisste Problem vun haut ass de sozialen a gesellschaftlechem Stëllstand par Rapport zum technologesche Fortschrëtt.

Et ass utopesch ze denken, et kéint esou weider goe wei fréier, déi technologesch Entwécklung weist eis de Wee wou mer sozial a gesellschaftlech misste goen.

An wann mer do ënnerwee trentelen oder stoe bleiwen an un där gudder aler Zäit festhalen, da gi mer iergendwann vum technologesche Fortschrëtt iwwerrannt.

« zurück zur Übersicht



Weitere Artikel

2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15


2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15



Winds of Change

Neue Wege ...


Winds of Change

... in vielen Bereichen der Politik und Wirtschaft

mehr »

ALMP / UFCM / Soli-Ecke

ALMP

ALMP

Gesellschaft für präventive Medizin
Die ALMP ist das Kürzel für Association luxembourgeoise des méthodes préventives.

mehr zu ALMP »


zur Website der ALMP


UFCM

UFCM

Gesellschaft für die Cannabis-Behandlung in der Medizin
Am 14. Juni 2010 gründete Dr. Jean Colombera die Gesellschaft UFCM.

mehr zu UFCM »


zur Website der UFCM


Solidaritätsecke

Als Partei ist es auch wichtig sich in der Praxis für minderbemittelte Leute einzusetzen und nicht nur mit leeren Versprechen auf Stimmenfang zu gehen.

Solidaritätsecke »

APPAAL

Association des parents de personnes atteintes d′autisme de Luxembourg

Association des Parents de Personnes Atteintes d′Autisme de Luxembourg a.s.b.l.

mehr »

AEGIS

AEGIS LUXEMBURG Aktives eigenes gesundes Immun-System

AEGIS Luxemburg, die einzige Vereinigung, die kritisch über Impfungen berichtet.

mehr »

Quicklinks